Sprache auswählen

wëllkomm an eisem

Buttek

Säit 1884 am Häerz vu Reiden-Attert

Hei zu Réiden ass nach Villes beim Alen a ween hei zu Réiden u Moud denkt deen denkt och un d’Anny an un d’Sim. Anny Wirth steet hei zu Réiden net nëmme fir Moud mee virun allem fir eng gutt Berodung.

D‘Traditiounshaus Anny Wirth fir moudebewosst Dammen, onofhängeg vum Alter, ass vum Joy mat vill Léift zum Detail iwwerholl ginn. Wat beim Ale bleift ass eng perséinlech a kompetent Berodung vun engem treie Personal.

D’Haus bitt Iech weiderhin iwwer 15 verschidde staark Marken un an dat an de Gréisste vu 34 bis 54. Jo, sou gesi bleift hei zu Réiden, villes beim Alen an dat obwuel mir mat der Moud mat viru ginn.

Eng gutt Qualitéit zu engem faire Präis mat engem gudde Service - dofir sti mir, genee wéi mir dofir stinn, datt eng Retouche pro Kleedungsstéck vum Haus offréiert gëtt.

D’Joy a seng Ekipp freeën sech Iech an engem flotten a renovéierte Kader, fir all Är Geleeënheeten, duerfen anzekleeden a mat Passioun ze beroden.

Image
Image

„Anny Wirth by Joy steet fir Begeeschterung, Kompetenz, individuell Berodung a Moudbewosstsinn. Traditioun bedeit fir mech Bestännegkeet, a grad dowéinst bleiwen d’Gréissten a Marken am Wesentlechen erhalen."

Gérante

Eng Réidener Geschicht

Et war am Joer 1884, wéi de Johann Wirth zu Réiden zesumme mat senger Fra Anna Hebeler fir d’éischt ee Stoff-Buttik mat engem uschléissende Bitz-Atelier opgemaach huet. Säit dësen Deeg huet sech net nëmmen d’Optik vun der Moud dramatesch verännert, mee och d’Präisstruktur ass eng komplett aner ginn. Enn vum 19. Joerhonnert huet e komplette Kostüm, op Mooss geschnidden, net méi wéi 24,50 Frang kascht, eng Box gouf et scho fir 3,75 Frang, an eng Krawatt konnt ee fir 80 Centimes kafen.

Am Joer 1914 ass „Textil Wirth“ dann an d’Réidener Grand-Rue geplënnert, wou de Johann Wirth e Lokal kaaft a vu Grond aus renovéiert huet. Vun do u schneidert hien hei zesumme mat senge Jonge Kleeder op Mooss – zu der grousser Zefriddenheet vun enger ëmmer weider wuessender Clientèle. Ufank de 50er Jore gouf d’Geschäft tëscht de Nokomme vum Johann Wirth opgedeelt. De Charles Wirth a säi Jong Jean, den Enkel vum Grënner, hunn d’Schneiderei weidergefouert, wärend d’Meedercher Annie a Martha sech dem Verkaf vun Härekleeder zougewannt hunn. D’Marie, d’Anna an de Wendelin – dee leschtgenannten ass iwwregens de Papp vun Anny Wirth – hunn op der Nummer 78 an der Grand-Rue e Buttik fir Dammekleeder opgemaach. Et ass genee op dëser Plaz, wou d’Haus Anny Wirth seng Clientën haut nach empfänkt.

Wärend deene Joren ass „Textil Wirth“ e Familljebetrib bliwwen, deen zesumme mat Réiden gewuess ass a sech fest an d’Duerf verankert huet. No 43 Joer am Déngscht vun hirer Clientèle ass d’Anny Ufank 2011 an d’Pensioun gaang. De Familljebetrib gouf dunn dem Simone Schmartz uvertraut, enger Mataarbechterin, déi zënter 1981 dem Haus trei Déngschter geleescht huet.

Sou gouf am Joer 2011 aus dem Familljebetrib en Traditiounsbetrib – an Traditioun huet vill Nimm. Ënnert dem Numm „Anny Wirth by Sim“ huet d’Sim et fäerdeg bruecht een neien Numm fir Traditioun ze schafen. Mat Begeeschterung a Kompetenz sinn hier Clientë beroden a verwinnt ginn. Dës Traditioun huet et erméiglecht, wäertvoll Erfarungen ze sammelen, déi duerch näischt ze ersetze sinn – an op déi d’Clientë sech haut nach verloosse kënnen.

Ab dem 1. Januar 2025 ass et dem Sim net méi gelongen seng wuelverdéngte Pensioun weider erauszezéien. Schwéieren Häerzens, well och wann de Kleederbuttik säit dem Joer 2011 net méi an der Hand vun der Famill Wirth war, sou ass et fir d’Mataarbechter trotzdeem ëmmer wéi eng grouss Famill gewiescht. An elo ass et u mir, Joy Linden, Mataarbechterin vum Sim zënter 2016, d’Traditioun vum Haus weiderzeféieren. E familiäert Ëmfeld mat laangjärege vertrauenswürdege Mataarbechterinnen ass mir besonnesch wichteg. Traditioun huet, wéi gesot, vill Nimm – an dës fortzeféieren ass eng grouss Éier an zur selwechter Zäit eng grouss Verantwortung.

„Anny Wirth by Joy“ steet fir Begeeschterung, Kompetenz, individuell Berodung a Moudbewosstsinn. Traditioun bedeit fir mech Bestännegkeet, a grad dowéinst bleiwen d’Gréissten a Marken am Wesentlechen erhale. D‘Retouche bleiwe selbstverständlech käschtefräi.

Image

Anny Wirth by Joy
78, Grand-Rue
L-8510 Redange-sur-Attert
+352 23 62 11 30

info@annywirth.lu

Me 13:30 - 18:30
De-Fr 08:30 - 12:30
  13:30 - 18:30
Sa 08:30 - 12:30
  13:30 - 17:30